"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Dienstag, 4. November 2014

D'Häerzkinnegsregierung - E Märchen an e puer Méint

1. Mount

Et wor eemol an engem klenge Land, dem seng Bewunner hu scho jorelaang keng aner Regierung kannt, wéi déi vum schwaarzen Kueder a sengen Kazen, all sou schwaarz wéi di däischter Nuecht. Emmer nees goufen de Kueder a seng Kazen vun aneren Parteien beim regéieren ënnerstëtzt, meeschtens vun den bloe Fësch oder de rouden Mais. Ma wéi dir iech kënnt virstellen, woren des Partnerschaften vu vir eran scho vun Natur aus net fir laang Dauer bestëmmt. D'Leit woren sech dëst duerchaus bewosst, a fir dee schwaachen Partner net ze laang den schaarfen Zänn vum Kueder a senge Kazen auszesetzen, hunn si regelméisseg ofgewiesselt. Dest ass ganz laang gudd gaangen, bis enges Dags eng Zauberauer de Kueder an d'Bredouillen bruecht huet.

Eng Rat, déi fir de Kueder geschafft huet, hat des Zauberauer mat an eng Ennerriedung mam Kueder geholl. Di Auer huet net besonnech ausgesinn, ass och soss net aussergewéinlech opgefall, ma wann een dee richtege Knäppche gedréckt huet, konnt si spéider all Wuert erem ginn, wat hiren Dréier an deem säi Gespréichspartner vu sech ginn hunn. A wat d'Zauberauer an deser Entrevue opgeholl huet, sollt de Kueder an e ganz schlecht Liicht setzen. Scho mi laang gouf am Wonnerland gemunkelt, dass dee grousse Schwaarzen Geheimnisser hätt an hien a seng Kazen dem Vollék géigeniwwer net méi ganz éierlech wiren. D'Zauberauer huet dun schlussendlech d'Faass zum iwwerlafe bruecht an et sollt zu Neiwalen kommen.

Di blo Fësch an di roud Mais hu ganz séier hir Chance gesinn, d'Naturgesetzer außer Kraaft ze setzen an sech iwwer de Kueder a seng Kazen ewegzesetzen. Séier hu si sech nach mat de grénge Lais beroden an décidéiert all zesummen ze regéiren fir dass dee grousse Schwaarzen a seng Frendinnen keng Chance méi hätten.

Gesot, gemaach - "Verännerung", "Revolutioun", "Alles gëtt besser" - mat dese grousse Verspriechen si si an d'Wale gaang. An tatsächlech woren d'Bierger sech beemol net méi eenz, wien si als Partner fir de Kueder a seng Kazen wielen sollten. Di eng wollten et maachen wéi gewinnt, an nodeems di roud Mais lo mat deene Schwaarzen regéiert hunn, lo rem di blo Fësch nierft de Kueder setzen. Di aner hu fonnt, dass dach alles gudd wier, wéi et wor, trotz der Zauberauer, an an der Iwwerzeegung, dass di roud Mais staark genuch wieren, nach eng Legislaturperiod nierft dem Kueder a senge Kazen ze packen ouni ganz opgefriess ze ginn, hunn si de roude Mais hir Stëmme ginn. Da goufen et awer och därer, déi gemengt hunn, och di greng Lais sollte mol eng Chance kréien. Wat wor elo geschitt?

D'Wonnerland wor an eng Patt-Situatioun geroden: et koumen sou gelungen Resultater eraus, dass e puer Koalitiounsméiglechkeeten bestoungen. Zwou goufe besonnech vill diskutéiert: di eng an där de schwaarze Kueder a seng Kazen mat de bloe Fësch zesummen sollte goen an di aner an där di blo Fësch, di roud Mais an di gréng Lais zesummen sollte regéiren.

Ma di kleng Déieren haten es sat, emmer vun de Kazen ennerdréckt ze ginn, an sou koum et, dass di grouss blo Häerzkinnégsforell souguer hannert hirt Wuert gaangen ass, an hire Posten als Buergermeeschtesch vun der Haaptstad opginn huet, fir dem schwaarze Kueder seng Plaz anzehuelen an soumat deene klengen Déieren d'Chance ze ginn, och mol d'Ruder an d'Hand ze huelen. D'Vollék huet gejubelt. E frësche Wand ass duerch d'Wonnerland gezunn an huet den greezege, muffege Geroch vum grousse Kueder a senge schwaarze Kazen verdriwwen.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen