"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Dienstag, 18. November 2014

Und täglich grüßt das Murmeltier...

Gëschter war e groussen Dag. Wéi ech an d'Boîte goung, duecht ech: endlech, haut kriss de Äntwerten! Den Newsletter vun der DP war do - mat Interview mat der Familjeministesch. Soubal ech e bessen Zäit fonnt hat, hunn ech mech mat enger frëscher Taass Kaffi dohi gesat a gelies. A blëtzaarteg war de Kaffi schon rem äiskal...

Et muss einfach e Feeler an der Matrix sinn, well schon rem hat ech en Déjà vu. Rem di selwecht eidel, onbegrënnten Floskelen:

- Mir investéieren an de Kanner hir Zukunft.
- Mir huelen kengem eppes weg.
- All zweet Bestiednis gëtt gescheed.
- Mir wöllen den Fraen hëllefen hir Onofhängegkeet zeréckzeerlaangen.
- Mir wöllen all Kand die selwecht Chance ginn.
- Den Congé parental soll flexibiliséiert ginn.

Sou lues ersetzt dat d'Rousekranzgebied, wat ech als Kand nach geléiert hat. Ähnlech wéi eng Gehirwäsch gëtt eis hei emmer rem dee selwechten kalen Kaffi zervéiert. Wuertwiertlech gëtt emmer rem dat selwecht widderholl - wahrscheinlech sou laang bis mer eis domat offonnt hunn a mir de kale Kaffi souguer froen.

Gegrüßet seist du Corinne voller Erkenntnis,
Der Premier ist mit dir,
Du erleuchtest uns über Erziehung,
Erleuchtet ist die Frucht deiner Politik.

Über alles erhabene Familienministerin,
sorge für unsere Kinder,
jetzt und in den Stunden unserer Arbeit.

Op d'Gefoor hin, dass ech mech och widderhuelen:

- Wann all zweet Bestiednis gescheed gëtt, ginn et och nach 50% déi halen.
- Net all gescheede Fra land automatesch an der Precaritéit.
- Et ginn och Männer déi doheem bleiwen an soumat ofhängeg vun hirer Fra sinn.
- Sou nobel de Gedanken och ass, all Kand di selwecht Chance wöllen ze ginn: dest ass utopesch (souguer an der DDR wou d'Rahmenbedéngungen gesat waren, ass dese Projet gescheitert)
- Flexibiliséierung vum Congé Parental ass jo schéin a gudd, ma wéi wir et mol mat konkreten Aussoën dozou?
- An net ze vergiessen hunn ech nach emmer keng Äntwert dorop fonnt, wat dann lo mat deenen jonken Eltrendeeler geschitt, déi net vum Congé parental kenne profitéieren an lo och nach d'Allocatiounen gestrach kréien, well si keng Aarbescht fannen. Well och hei göllt, net jiddereen deen aarbeschtslos ass kann a wöll automatesch vu Chômage an RMG profitéiren.

Firwat ech dëst emmer rem sou verbassen widderhuelen: well eng gewëssen Ministesch gemengt huet, ech geng vu mir op d'ganz Land schléissen. Ma si schengt jo och vun engem Deel vum Vollék op dat ganzt Land ze schléissen. Vläicht verstinn ech et awer och einfach nemmen falsch. Da bieden ech em Erleuchtung.

Also:

Gegrüßet seist du Corinne voller Erkenntnis...

Danielle

3 Kommentare:

  1. Et ass dach esou einfach! Murphy's law passt och erem hei:
    Regel No.1: Politiker wëssen alles besser!
    Regel No.2: An souwsou hun mir all keng Ahnung!
    Regel No.3: Solt Reegel 1 oder 2 net zoutreffen dann gëllt trotzdem Regel No.1!
    That's the way the cookie crumbles...

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. Jo, leider ass et wuel sou...

      Löschen
    2. Mee si Regelen net och do, fir gebrach ze ginn? Ouni dat kee Fortschrëtt...

      Löschen