"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Donnerstag, 8. Januar 2015

Je suis Charlie



Ne laissons pas les armes l'emporter sur le crayon!

Levons nos crayons et dessinons, écrivons,
pour réanimer la liberté d'opinion!


Danielle

Montag, 5. Januar 2015

Virstellungsgespréich am Joër 2040


Gläichschaltung

Sou, do sinn ech dann rem. Virop: alles Gudds am neie Joër! D'Feierdeeg leien hannert eis, d'Vakanz ass riwwer, d'Politiker fannen de Wee zréck op de Krautmaart: lo gëtt et och Zäit fir mech mol rëm eng Kéier eppes ze schreiwen.

Schon net schlecht, wat alles nach zum Schluss vum Joër geschitt ass. D'USA erliewen di gréissten Rassenonrouen (bei dem Wuert leeft et mer kal de Réck erof, ma d'Medien bezeechnen se nun mol sou) zanter deenen leschten 50 Joër, d'schwedesch Regierung ass mat hirem Budget bäigelaf, zu Monaco ass géint all Gläichberechtungsgedanken a Fraequotenfuerderungen den zweetgebueren Zwilling zum Trounfolger ernannt ginn, e Meedchen vu knapp 17 Joër huet den Nobelpräis kritt, d'USA a Kuba ginn rem Handelsbezéiungen an, d'amerikanesch Filmindustrie geet virum nordkoreaneschen Diktator an d'Knéien an dem Här aus der Pickup-Reklamm senger Mamm ass et tatsächlech gelong, den Internet ze läschen ... zumindest stonneweis an Nordkorea (fir déi, déi d'Reklamm net kennen oder net wëssen wat ech mengen: https://www.youtube.com/watch?v=PHu1PhUiJmU).

Am Ländchen wor et am Dezember dann och sou wäit: den Zukunftspak ass an d'Chamber zur Ofstëmmung komm. Ouni groussen Trara, ouni Massendemonstratiounen ass de Budget 2015 vun der Majoritéit ugeholl ginn. Si huet sech domat de Wee fräi gemaach fir eng pro-wirtschaftlech Gläichschaltungspolitik.

Firwat pro-wirtschaftlech? Wann een sech di ganz Politik ukuckt, stellt ee fest, dass se wéineg mënschleches opweises huet. Et geet net drem de Bierger zefridden ze stellen, ma dorem, d'Wirtschaft um Lafen ze halen. Iergendwann huet sech d'Iddi an de Käpp festgesat, dass d'Bierger zefridde sinn, wann et der Wirtschaft gudd geet. Ma dem ass net méi sou. 

Wou soll e Bierger nach zefridden sinn, Zäit fannen zefridden ze sinn, wann säi ganzt Liewen drop ausgeriicht ass, zum Wuel vun der Wirtschaft bäizedroën, ze schaffen, net fir nach ze kréien, ma an der Angscht, dat ze verléieren, wat en sech erschafft huet?

Mëttlerweil muss een hei vun engem ganze Liewe schwätzen, well och déi lescht Bastioun Onbeschwéiertheet an Zefriddenheet, di kuerz Zäit tëscht Gebuert an Aschoulung an där een soss fräi war vun Kompetenzenwahnsinn an Zäitdrock, lo och nach soll falen. Einfach nëmmen spillen a Kand sinn bréngt näischt, ass verlueren Zäit, déi een dach besser notze sollt, fir d'Kanner op d'Erausfuerderungen vun der Aarbeschtswelt virzebereeden.

A well d'Aarbeschtswelt méisproocheg, kompetent, teamfäheg, onkritesch Fachidioten braucht, soll dann och all Kand di selwecht Fähegkeeten gläich gudd entwéckelen. Schließlech gëllt et bei PISA ze bestoen. Des Studie ass jo den A an O wat d'Intelligenz vun de Schüler, an domat den zukünftegen Aarbeschtskräft, ugeet. All Kompetenz déi net an desem Test gepréift gëtt, ass onnéideg. Garant fir desen Erfolleg ass just eng fréistméiglech Prise en charge duerch Experten, well Eltren am Beräich Erzéiung jo definitiv net kompetent sinn an hirt Wëssen dach besser der Aarbeschtswelt zegudd komme loossen sollen. 

Des Gläichschaltung ass awer e geféierlechen Drotseelakt, well net all Kand vun Natur aus déi selwecht Fähegkeeten an Afinitéiten matbréngt. Ma wahrscheinlech wäert e System ausgeschafft ginn, wéi a "Brave new world" wou d'Puppelcher schon no Kraaft, Intelligenz an Kompetenz agedeelt ginn a je no dem gefördert ginn - oder net, fir geziilt op den Aarbeschtsmarché virbereed ze ginn an  déi verschidden Aarbeschtsposten adequat ze besetzen. Dest ass jo och eng Manéier Chômage ze reduzéieren an all Aarbeschtsplaz mat dem passenden Aarbeschter ze besetzen, an sou héichausgebilden oder wéineg gebilden Leit ze vermeiden, där hire Profil net op déi fräi Plazen passen.

Naja, wéi der gesidd, sinn Familjepolitik an Zukunftspak nach emmer héich emotional an explosiv Themen fir mech. Vläicht sinn ech och einfach ze vill empfindlech a witteren iwwerall Verschwierungen. Vläicht sollt ech mech der Saach erginn an nom Camus sengem Leitmotiv "Métro, boulot, dodo" liewen. D'Absurditéit vum System unhuelen a gelangweilt dohi vegetéieren, oder awer - absurderweis - dogéint revoltéieren, dem Liewen an engem verkappte System e besse Wierz ginn a versichen net an der Mass ennerzegoen? D'Äntwert läit dach op der Hand...

Danielle