"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Dienstag, 25. November 2014

Applaus Applaus

Ouni Dialog, Generalstreik! Sou hunn di dräi Gewerkschaften der Regierung d'lescht Woch gedréiht. D'Vollék huet opgeootemt. Endlech wollt sech een asetzen. D'Regierung huet ugefaang mat zidderen an huet di dräi séier op e Gespréich invitéiert. Dest huet dann och gëschter Moien stattfonnt.

Ganzer 45 Minutten, also 2.700 Sekonnen hu si mateneen geschwat. Klengt dat no vill? Ech erënneren drun, eng Schoulstonn an der Primärschoul dauert 55 Minutten. Mee emmerhin. Et soll jo och just en Optakt sinn.

No där dräi-véirel Stonn ass da verkënnegt ginn, dass d'Regierung e Moratoire fir d'Contributioun vun 0,5% vun engem Joer virschléit. Dozou fällt mir just en Ausdrock aus eisem leschten Theaterstéck an: "Uiuiuiuiuiui!"

Firwat gëtt dat lo sou duergestallt wéi wann dat eng Neierung wier? Solle mer applaudéieren, dass den Dialog anscheinend fonktionnéiert huet? Vläicht hunn ech jo och rem eppes falsch verstan (Gegrüßet seist du...) awer huet de Staatsrot net schon gemengt, dass d'Regierung déi Contributioun misst iwwerschaffen? An deem Sënn huet d'Regierung sech jo alt selwer Zäit ageraumt an d'Mesure erausgezögert...

Dat schengt mer jo dann awer keng Errungeschaft aus ausgeräiftem Dialog tëscht Gewerkschaften a Regierung ze sinn. Et muss ee jo alt all Grimmel huelen, ma dovun gëtt een net sat. Ech hoffen, di dräi loossen sech net mam Gegrimmels ofwimmelen, ma kämpfen wéinstens em di eng oder aner ganz Kuuscht. Well dat ganzt Zukunftspakbrout wäert d'Regierung net den Hënn zum Fraass virwerfen.

Ma vläicht sinn di dräi Kampfhënn och di meescht Zäit beschwat, mat Schokla gelackelt an zu Schoussmippercher gemaach ginn.

Et ass ze hoffen, dass dest net de Fall ass...

Danielle


Dienstag, 18. November 2014

Und täglich grüßt das Murmeltier...

Gëschter war e groussen Dag. Wéi ech an d'Boîte goung, duecht ech: endlech, haut kriss de Äntwerten! Den Newsletter vun der DP war do - mat Interview mat der Familjeministesch. Soubal ech e bessen Zäit fonnt hat, hunn ech mech mat enger frëscher Taass Kaffi dohi gesat a gelies. A blëtzaarteg war de Kaffi schon rem äiskal...

Et muss einfach e Feeler an der Matrix sinn, well schon rem hat ech en Déjà vu. Rem di selwecht eidel, onbegrënnten Floskelen:

- Mir investéieren an de Kanner hir Zukunft.
- Mir huelen kengem eppes weg.
- All zweet Bestiednis gëtt gescheed.
- Mir wöllen den Fraen hëllefen hir Onofhängegkeet zeréckzeerlaangen.
- Mir wöllen all Kand die selwecht Chance ginn.
- Den Congé parental soll flexibiliséiert ginn.

Sou lues ersetzt dat d'Rousekranzgebied, wat ech als Kand nach geléiert hat. Ähnlech wéi eng Gehirwäsch gëtt eis hei emmer rem dee selwechten kalen Kaffi zervéiert. Wuertwiertlech gëtt emmer rem dat selwecht widderholl - wahrscheinlech sou laang bis mer eis domat offonnt hunn a mir de kale Kaffi souguer froen.

Gegrüßet seist du Corinne voller Erkenntnis,
Der Premier ist mit dir,
Du erleuchtest uns über Erziehung,
Erleuchtet ist die Frucht deiner Politik.

Über alles erhabene Familienministerin,
sorge für unsere Kinder,
jetzt und in den Stunden unserer Arbeit.

Op d'Gefoor hin, dass ech mech och widderhuelen:

- Wann all zweet Bestiednis gescheed gëtt, ginn et och nach 50% déi halen.
- Net all gescheede Fra land automatesch an der Precaritéit.
- Et ginn och Männer déi doheem bleiwen an soumat ofhängeg vun hirer Fra sinn.
- Sou nobel de Gedanken och ass, all Kand di selwecht Chance wöllen ze ginn: dest ass utopesch (souguer an der DDR wou d'Rahmenbedéngungen gesat waren, ass dese Projet gescheitert)
- Flexibiliséierung vum Congé Parental ass jo schéin a gudd, ma wéi wir et mol mat konkreten Aussoën dozou?
- An net ze vergiessen hunn ech nach emmer keng Äntwert dorop fonnt, wat dann lo mat deenen jonken Eltrendeeler geschitt, déi net vum Congé parental kenne profitéieren an lo och nach d'Allocatiounen gestrach kréien, well si keng Aarbescht fannen. Well och hei göllt, net jiddereen deen aarbeschtslos ass kann a wöll automatesch vu Chômage an RMG profitéiren.

Firwat ech dëst emmer rem sou verbassen widderhuelen: well eng gewëssen Ministesch gemengt huet, ech geng vu mir op d'ganz Land schléissen. Ma si schengt jo och vun engem Deel vum Vollék op dat ganzt Land ze schléissen. Vläicht verstinn ech et awer och einfach nemmen falsch. Da bieden ech em Erleuchtung.

Also:

Gegrüßet seist du Corinne voller Erkenntnis...

Danielle

Montag, 17. November 2014

Hallo Hallo?! Ass een do?

Zanter gudd zwou Wochen bedreiwen ech lo dese Blog. U menge Statistiken gesinn ech och, dass e fläisseg ugeklickt gëtt - ech weess, net all enregistréierte Klick bedeit och, dass déi Persoun tatsächlech e Post gelies huet. Ma bei 665 Klicks wärt jo awer deen een oder aner scho mol d'Nues a meng Texter gestach hunn.

Ech erënneren nach eng Kéier drun, dass ech u sech wollt e Gedankenaustausch ustiwwelen. Bis elo hunn ech awer réicht ganz wéineg Réckmeldung kritt. Vläicht läit et och um Blog selwer. Wéi gesot, et ass di éischte Kéier, dass ech sou eppes maachen a vläicht ass jo bei mengen Astellungen eppes falsch agstallt.

U sech gëtt et um Blog selwer 3 Méiglechkeeten fir e Feedback ze ginn:
- dir kennt e Kommentar hannerloossen.
- dir kennt ennert dem Post eng Reaktioun ugklicken.
- dir kennt mir iwwer de Kontaktformular schreiwen.

Wann der wöllt oder falls di aner Méiglechkeeten net fonktionnéieren, kënn der mir och gären e Mail schreiwen: danielle.artemiss@gmail.com.

Et wier och hëllefräich Ureegungen zur Gestaltung vum Blog ze kréien oder eng Propose fir en Thema dat ech soll uschneiden.

Op alle Fall soen ech mengen Lieser mol e groussen MERCI a freeë mech schon op di nächst Posts a Reaktiounen.

Bis dann,

Danielle

Freitag, 14. November 2014

Kannergeld.lu - oder wéi ee kale Kaffi opbereed

An de leschten Deeg gëtt an alle lëtzebuerger Medien Reklamm gemaach fir deen neiste Site vum Familjeministère: kannergeld.lu. Do soll een all Informatiounen zu der Kannergeldreform fannen an eng Hellewull un zousätzleche Links zum Thema. Op der Sich no Erhellung an dem Dossier, sinn ech dann mol luusse gaang ... a sinn schon gläich am Ufank enttäuscht ginn.

Fir d'éischt mol eppes net ganz sou Dramatesches, awer kannergeld.lu ass keen eegene Site. Et ass eng Weiderleedung op d'Rubrik "Réforme" op d'Säit vun der CNPF. Ma vläicht sinn ech ze vill pingelech.

D'Säit selwer wierkt awer méi wéi Propaganda an e klägleche Versuch, sech mat Hänn a mat Féiss ze wieren, wéi en objektiven, informellen Versuch, d'Kannergeldreform ze erklären.

Wéi de Link opgaang ass, sinn ech mol direkt mat folgenden Wieder erschlo ginn: "Besser Zukunftschancen. D'Kanner ginn an den Zentrum vun der Familjepolitik gesat. D'Regierung spuert net um Bockel vun de Kanner, mee investéiert an hir Chancen." An deem Toun geet et dann och monter weider. Sou fönnt een enner anerem folgend Sätz:
(les bénéficiaires actuels ne seront pas touchés par ces mesures !) (esou vun der Säit kopéiert)
Les familles concernées ne vont donc rien perdre !
- Mir huelen kengem eppes wech. Des Regel gëllt och fir dat neit Kannergeld. (dest ass rem ganz grouss ze liesen)
- Les allocations familiales luxembourgeoises restent de loin les plus élevées de toute l’Union européenne. (Hei wier eng Vergläichstabell mat Kannergeld an Liewensënnerhaltskäschten an der EU ganz opschlossräich. Et geng mech interesséieren, ob hei evtl. ganz séier op Wikipedia nogekuckt gouf. Do existéiert sou eng Tabell awer mam Hiweis, dass een d'Somme vum Kannergeld an deene verschiddene Länner net 1:1 ka vergläichen: 

Hei gëtt net nëmmen kale Kaffi fir frëschen zervéiert. Fir mäi Goût ginn hei Ausrufezeechen, Ennersträichungen an Déckschreiwungen en Tick ze vill agesat. Des Aussoën an hir Formatioun sou op e staatlechen Site ze setzen weist dach, wéi schlëmm d'Familjeministesch sech an den Eck gedrängt fillt. Fir mech feelt hei all Objektivitéit. Nei Informatiounen sicht ee vergeblech.

Da geet och Rieds vun "de nombreuses études montrent que l’augmentation des coûts due à l’arrivée d’un enfant n’est ni linéaire, ni proportionnelle : au contraire, elle est en général plus faible pour le 2e et pour le 3e enfant." Hei wier e Link zu deenen Etuden nawell ganz hëllefräich. Vläicht wir et och mol eng Iddi, eng eegen Etude hei am Land ze maachen amplaz sech emmer an d'Ausland inspiréiren ze goen.

Nach kuerz zu der Säit "Pour en savoir plus". Ech hu mech do drop gestierzt fir vläicht weider Siten ze fannen, wou ech driwwer opgeklärt ginn, wou de Familjeministère un dat neit Konzept kënnt. Leider gouf ech och hei enttäuscht. Hei fënnt een eng Broschüre, an där nach eng Kéier dat selwecht erkläert gëtt, e Link zu de Rieden vum Premier, vum Educatiounsminister an der Familjeministesch, zum Budget an zu den Formulairen bei der CNPF.

Secherlech gëtt de Site eng Iwwersiicht iwwer déi nei Kannergelder. Ma nierft de propagandisteschen Floskelen an eidelen Aussoën bleift et bei enger Opbereedung vu kalem Kaffi.

Wien et interesséiert: http://www.cnpf.lu/reforme/ (wierklech Adress vun kannergeld.lu)

Bon, ech gi mir lo mol eng frësch Taass Kaffi maachen.

Bis dann, 

Danielle

P.S.: All Kommentar ass wëllkomm. Dir kënnt och de Kontaktformular dozou notzen.

Dienstag, 11. November 2014

D'Häerzkinnegsregierung - E Märchen an e puer Méint (2)

2. Mount

Och den 2. Mount huet d'Vollék iwwer déi nei Häerzkinnegsregierung gejubelt. Ma di éischt Déieren hunn di éischt Euphorie schon hannert sech gelooss. Si wore ganz skeptesch wat d'Besetzung vun de Ministerposte ugaang ass. Dëst wor eng schwiereg Aufgab fir d'Häerzkinnegsforell, well op där enger Säit wollt si fir all Ressort dee kompetentesten bloë Fësch, respektiv déi passend rout Maus oder greng Laus asetzen, op där anerer Säit wollt si och, dass all déi Fësch, Mais a Lais belount genge ginn, déi an hirem Waldistrikt gewonnen haten. 

Sou ass et da komm, dass si sech fir verschidde Ressorten dofir décidéiert huet, de Walgewënn iwwer d'Kompetenz ze setzen. Fir aner Ressorten huet si awer guer kee fonnt an sou huet si och nach no Déieren gesicht, déi där neier Regierung géigeniwwer frëndlech gestëmmt waren an di néideg Fähegkeeten haten. Op déi Manéier ass eng Regierung zesumme komm, déi zu villen Diskussiounen gefouert huet. Virun allem d'Unhänger vum schwaarze Kueder hu sech widder de Kapp gestouss gefillt.

Fir deem entgéint ze steieren, huet d'Häerzkinnegsforell mat hirer Regierung mol direkt e puer Gesetzer gestëmmt, déi dem Vollék entgéintkommen sollten. Sou duerften beispillsweis ab elo all Déieren vum grousse Kiischtekuch iessen an och Kichelcher kafen war kengem méi verbueden. Dee schwaarze Kueder hat jo schon mat senger Regierung eng Äppeltaart gebak, fir dass all Déier d'Méiglechkeet hat, iwwerhaapt mol zesummen u Gebäck knabberen ze kënnen. Well nëmmen déi Déieren, déi zu zwee un engem Gebäck geknabbert hunn, goufen vum Staat als Koppel unerkannt a konnten vu verschidden Virdeeler profitéieren. 

Ennert dem schwaarze Kueder gouf et awer nach ennerschiddlech Virdeeler fir déi Déieren, déi vum Kiischtekuch iessen duerften an deenen, déi just un d'Äppeltaart goungen. Eng Viraussetzung fir vum Kiischtekuch schmaachen ze dierfen war, dass ee konnt Kichelcher baken. Wann een net deen néidegen Uewen hat, d'Rezept awer kannt huet an dat néidegt Geschier hat, duerft een och Kichelcher kafen. Déi aner Koppelen, déi einfach keen Talent fir d'Kichelcher Baken haten, duerften un der Äppeltaart knabbelen, duerften awer och keng Kichelcher kafen. Dësen Ënnerscheed gouf elo lo vun der Häerzkinnegsregierung geläscht. Och déi Koppelen, déi keng Kichelcher konnte baken, duerften der lo trotzdem kafen. Et gouf jo och därer, déi net vum Kiischtekuch giess hunn an awer Kichelcher gebak hunn, well si eben all Néideges dozou haten.

Di grouss Bäckerei am Wonnerland wollt hire beschte Bond emmer nach nëmmen wéinegen Koppelen virbehale. Dowéinst wollt d'Häerzkinnegsforell higoën an si vum Staat onofhängeg maachen. Di nei Regierung wollt nämlech net engem Handwierksbetriib Virdeeler araumen an anerer weiderhin als Stoussnéckel behandelen. Sou huet si och décidéiert, dass de Bakkuer an de Schoulen sollt ofgeschaf ginn an duerch en Iwwersiichtskuer iwwer all Handwierker ersat sollt ginn. 

Dëst huet awer schon zu éischten Onrouen am Wonnerland gefouert. Schliißlech wor de Bakkuer eng laang Traditioun a vill Déieren wollten, dass hir Kleng kéinten tëscht dem Bakkuer an dem Iwwersiichtskuer wielen. Si hu sech zesummen gedo an Ënnerschrëfte gesammelt. Wat si awer net woussten war, dass en Tatzenofdrock op engem Blat net méi gülteg war. Fir dass d'Begieren vum Vollék an der Chamber gehéiert konnt ginn, hunn d'Déieren missen en digitalen Tatzenofdrock am Intennet ofginn. Dëst woussten awer nemmen di wéinegst Déieren an och net all haten se iwwerhaapt en Zougang zum Intennet.

No desen éischten Décisiounen vun der Häerzkinnegsregierung hunn di éischt Déieren schon ugefaangen de Wanterschal unzedoen. Et huet een och schon di éischt mat Mutzen gesinn. Den neie Wand huet schon ugefaangen méi kill ze blosen an di éischt hu versicht, d'Witterung vum vergaangenen Kuedergeroch rem opzehuelen.

Donnerstag, 6. November 2014

Beruff? - Elter!

Nodeems ech d'Carte Blanche vum Robert Urbé iwwer d'Kannergeld gelies hunn (http://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche/580387.html) ass mer alt rem alles héich komm. Ech wöll awer lo net rem ufänken op di nei Politik ze klappen, ma e Virschlag maachen. 

Et ass keng nei Iddi, d'Diskussioun besteet wahrscheinlech scho sou laang, wéi Fraen doheem bleiwen amplaz schaffen ze goen a gouf och schon op e Schreiwes vu mir hin vun der Madame Cahen als utopesch ofgestempelt ... an awer léisst dee Gedanken mech net méi lass.

Firwat net Elter (dest ass en neutralen Begrëff deen all Eltrendeel bezeechend) als Beruff unerkennen? Wier dat net mol innovativ a virbildlech? Dat Natierlechst vun der Welt ënnerstëtzen, unerkennen an net et iergendwou an en däischteren Eck verbannen a verkomme loossen?

Dëse Schrëtt géif zum engen bei der Problematik vun der Aarbechtslosegkeet hëllefen. Iergendwéi ginn an där ganzer Diskussioun nämlech emmer déi Eltren vergiess, déi keng Aarbecht hunn, op der Sich sinn a keng fannen. Dacks sichen si eng Aarbecht, well et schwiereg gëtt mat enger Pai auszekommen oder well guer keng Pai erakënnt, net mol onbedéngt fir onofhängeg ze sinn. 

Op déi Manéier kéinten déi Eltren sech bewosst dofir entscheeden, doheem ze bleiwen. Et kéim eng Pai eran an si kéinten an d'Kranken- an an d'Pensiounskeess cotiséieren ouni de Partner ze belaaschten - sou vill zum Thema Onofhängegkeet förderen.

Op där anerer Säit, geng et wahrscheinlech de Staat méi bëlleg ginn, den Eltren, déi doheem bleiwen wöllen, well si selwer no hire Kanner wölle kucken, sou ënnert d'Ärm geng gräifen, wéi lo rem ze kucken fir all déi néideg Crèche-Plazen ze schafen, déi lo néideg ginn, wann all Eltrendeel soll schaffe gon. Dest schéngt mir net nemmen en utopeschen ma och en finanziell kaum drobaren Projet ze sinn. 

Natierlech soll déi Pai lo net sou ausfalen, dass d'Leit sech denken, dass et dach méi einfach ass Kanner an d'Welt ze setzen a sech vum Staat bezuelen ze loossen, wéi schaffen ze gon. Hei kéint een sech zum Beispill dem Här Gybérien seng Propose vun 1.000€ iwwerleeen, oder higoen an et als 50 oder 75% Tâche am Mindestloun bezuelen.

Vläicht ass et nemmen utopescht Iwwerleeën vun enger Mamm, déi sech einfach net mat deem Gedanken kann offannen, dass Kanner sollen an d'Crèchen kommen. Fir déi Leit, déi lo soen, de Choix bleift dach - jo, awer et gëtt nemmen ee Choix duerch Sachleeschtungen ennerstëtzt. Deen anere Choix fällt soumat fir vill Leit ënnert den Desch.

Ech erënneren drun, dass d'Regierung en Fonds fir zukünfteg Generatiounen ariichte wöll. Wann déi nei Familjepolitik sech sollt duerchsetzen, fäerten ech just e staarke Réckgang vun der Gebuerterat an da froen ech mech wien nach vun dem Fonds soll profitéieren.

Fir mat de Wieder vum Romain Gary ofzeschléissen:  

"Man kann nicht nur von Realitäten leben. Ab und zu braucht der Mensch einen Bissen Phantasie und einen Schluck Utopie."
Danielle 

P.S.: Är Meenung dozou geng mech nawell interesséieren. Merci!

Op der Sich no enger Beschäftegung fir e Freiden oder e Samschden?















Wann dir nach net wësst, wat der dese W-E sollt maachen, da kommt dach op Eiter! Et gëtt Spannung, (Schau)Spill a Spaass a fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt. Wat wöll der méi?

Mee maacht iech bäi. D'Plazen gi weg wéi waarm Bréidercher ;-)

Bis vläicht dese W-E!

Danielle

Fir méi Infos:




Dienstag, 4. November 2014

D'Häerzkinnegsregierung - E Märchen an e puer Méint

1. Mount

Et wor eemol an engem klenge Land, dem seng Bewunner hu scho jorelaang keng aner Regierung kannt, wéi déi vum schwaarzen Kueder a sengen Kazen, all sou schwaarz wéi di däischter Nuecht. Emmer nees goufen de Kueder a seng Kazen vun aneren Parteien beim regéieren ënnerstëtzt, meeschtens vun den bloe Fësch oder de rouden Mais. Ma wéi dir iech kënnt virstellen, woren des Partnerschaften vu vir eran scho vun Natur aus net fir laang Dauer bestëmmt. D'Leit woren sech dëst duerchaus bewosst, a fir dee schwaachen Partner net ze laang den schaarfen Zänn vum Kueder a senge Kazen auszesetzen, hunn si regelméisseg ofgewiesselt. Dest ass ganz laang gudd gaangen, bis enges Dags eng Zauberauer de Kueder an d'Bredouillen bruecht huet.

Eng Rat, déi fir de Kueder geschafft huet, hat des Zauberauer mat an eng Ennerriedung mam Kueder geholl. Di Auer huet net besonnech ausgesinn, ass och soss net aussergewéinlech opgefall, ma wann een dee richtege Knäppche gedréckt huet, konnt si spéider all Wuert erem ginn, wat hiren Dréier an deem säi Gespréichspartner vu sech ginn hunn. A wat d'Zauberauer an deser Entrevue opgeholl huet, sollt de Kueder an e ganz schlecht Liicht setzen. Scho mi laang gouf am Wonnerland gemunkelt, dass dee grousse Schwaarzen Geheimnisser hätt an hien a seng Kazen dem Vollék géigeniwwer net méi ganz éierlech wiren. D'Zauberauer huet dun schlussendlech d'Faass zum iwwerlafe bruecht an et sollt zu Neiwalen kommen.

Di blo Fësch an di roud Mais hu ganz séier hir Chance gesinn, d'Naturgesetzer außer Kraaft ze setzen an sech iwwer de Kueder a seng Kazen ewegzesetzen. Séier hu si sech nach mat de grénge Lais beroden an décidéiert all zesummen ze regéiren fir dass dee grousse Schwaarzen a seng Frendinnen keng Chance méi hätten.

Gesot, gemaach - "Verännerung", "Revolutioun", "Alles gëtt besser" - mat dese grousse Verspriechen si si an d'Wale gaang. An tatsächlech woren d'Bierger sech beemol net méi eenz, wien si als Partner fir de Kueder a seng Kazen wielen sollten. Di eng wollten et maachen wéi gewinnt, an nodeems di roud Mais lo mat deene Schwaarzen regéiert hunn, lo rem di blo Fësch nierft de Kueder setzen. Di aner hu fonnt, dass dach alles gudd wier, wéi et wor, trotz der Zauberauer, an an der Iwwerzeegung, dass di roud Mais staark genuch wieren, nach eng Legislaturperiod nierft dem Kueder a senge Kazen ze packen ouni ganz opgefriess ze ginn, hunn si de roude Mais hir Stëmme ginn. Da goufen et awer och därer, déi gemengt hunn, och di greng Lais sollte mol eng Chance kréien. Wat wor elo geschitt?

D'Wonnerland wor an eng Patt-Situatioun geroden: et koumen sou gelungen Resultater eraus, dass e puer Koalitiounsméiglechkeeten bestoungen. Zwou goufe besonnech vill diskutéiert: di eng an där de schwaarze Kueder a seng Kazen mat de bloe Fësch zesummen sollte goen an di aner an där di blo Fësch, di roud Mais an di gréng Lais zesummen sollte regéiren.

Ma di kleng Déieren haten es sat, emmer vun de Kazen ennerdréckt ze ginn, an sou koum et, dass di grouss blo Häerzkinnégsforell souguer hannert hirt Wuert gaangen ass, an hire Posten als Buergermeeschtesch vun der Haaptstad opginn huet, fir dem schwaarze Kueder seng Plaz anzehuelen an soumat deene klengen Déieren d'Chance ze ginn, och mol d'Ruder an d'Hand ze huelen. D'Vollék huet gejubelt. E frësche Wand ass duerch d'Wonnerland gezunn an huet den greezege, muffege Geroch vum grousse Kueder a senge schwaarze Kazen verdriwwen.