"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Montag, 17. November 2014

Hallo Hallo?! Ass een do?

Zanter gudd zwou Wochen bedreiwen ech lo dese Blog. U menge Statistiken gesinn ech och, dass e fläisseg ugeklickt gëtt - ech weess, net all enregistréierte Klick bedeit och, dass déi Persoun tatsächlech e Post gelies huet. Ma bei 665 Klicks wärt jo awer deen een oder aner scho mol d'Nues a meng Texter gestach hunn.

Ech erënneren nach eng Kéier drun, dass ech u sech wollt e Gedankenaustausch ustiwwelen. Bis elo hunn ech awer réicht ganz wéineg Réckmeldung kritt. Vläicht läit et och um Blog selwer. Wéi gesot, et ass di éischte Kéier, dass ech sou eppes maachen a vläicht ass jo bei mengen Astellungen eppes falsch agstallt.

U sech gëtt et um Blog selwer 3 Méiglechkeeten fir e Feedback ze ginn:
- dir kennt e Kommentar hannerloossen.
- dir kennt ennert dem Post eng Reaktioun ugklicken.
- dir kennt mir iwwer de Kontaktformular schreiwen.

Wann der wöllt oder falls di aner Méiglechkeeten net fonktionnéieren, kënn der mir och gären e Mail schreiwen: danielle.artemiss@gmail.com.

Et wier och hëllefräich Ureegungen zur Gestaltung vum Blog ze kréien oder eng Propose fir en Thema dat ech soll uschneiden.

Op alle Fall soen ech mengen Lieser mol e groussen MERCI a freeë mech schon op di nächst Posts a Reaktiounen.

Bis dann,

Danielle

3 Kommentare:

  1. Aus eegener Erfahrung weess ech, dass zwar vill Leit d'Posts liesen, mä dass ganz rare kommentéiert gëtt. Huel dat net iwwel, sou Diskussioune si schwéier ze lancéieren an och rare.

    Léif Gréiss vun engem Lieser,
    Claude

    AntwortenLöschen
  2. Merci Claude fir däi Kommentar. Ech hu mer dat scho geduecht. Ma probéieren kann ee jo mol ;-)

    AntwortenLöschen
  3. Et ass effektiv esou, datt een sech a Punkto Kommentairen net soll ze vill erwaarden :) Dat heescht bei wäitem net, datt deng Post net intressant sinn, ganz am Géigendeel. Wann een z.B. mat engem Contenu averstanen ass, dann huet een éischter Tendenz net drop ze reagéieren. Dat ass iergendwéi menschlech :)

    Bei mir ass et esou, datt ech op Twitter + Facebook op meng nei Posts verlinken. An do kann et eben dacks vir, datt se éischter op deene Plattforme kommentéiert ginn ewéi op mengem Blog selwer.

    Léif Gréiss,

    Lili

    AntwortenLöschen