"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Freitag, 31. Oktober 2014

Kopernikanesch Revolutiounsgedanken

An der Lescht ass zimlech vill Rieds iwwer d'kopernikanesch Revolutioun an der lëtzebuerger Politik. Bis elo hunn ech desen Terminus emmer mat engem positiven Emdenken a Verbindung bruecht: emmerhin huet dee richtegen Kopernikus am 16. Jorhonnert versicht ze beleeen, dass eise Sonnesystem sech net em d'Welt ma d'Erd sech em d'Sonn dréint, eng rieseg Erkenntnes fir di deemoleg Zäit. Versetze mer eis awer lo mol zeréck an di Zäit.

Deemols woren d'Leit iwwerzeegt, dass eis Erd den Nuebel vum Universum wier. Alles huet sech em d'Welt gedréint, well si jo d'Kréinung vun der göttlecher Schöpfung wor. Dat wor eng Virstellung, déi sech iwwer Jorhonnerten an de Käpp vun de Leit festgebrand hat. An lo koum do deen Här Kopernikus mat senger Theorie an huet d'ganz Weltbild op d'Kopp gehäit. Kënn dir iech dat virstellen? Jorhonnertenal Iwwerzeegungen an Kirchepropaganda einfach -puff- als falsch bewisen. Lo kéint ee jo mengen, dass dest zu groussen Onroue gefouert hätt. Ma wäit gefeelt. Dat Ganzt gouf vun deenen meeschten als Hirngespinst ofgedoën. Just e puer elitär Kreeser hunn des nei Hypothesen nervös gemaach an Wëssenschaftler hat d'Beweiswut gepak. Bon, ganz kuerz e puer Nimm: Kepler, Galileo, Newton.

Sou, mat där Geschicht am Hannerkapp hunn ech lo versicht, d'kopernikanesch Wenn an der neier Regierungspolitik ze fannen. An der Rei: Jorzéngte laang woren d'Lëtzebuerger iwwerzeegt, dass d'CSV an der Regierung festgewues wier. Wéi eng Eech hat si sech sou fest an de Krautmaart verwuerzelt, dass keen sech konnt virstellen, dass op eemol eng aner Partei kéint kommen an si einfach mat der Motorsee kéint emleeën. Sou wäit stëmmt dat also mat der kopernikanescher Revolutioun.

Di nei Regierungsparteien sinn och mam Gedanken an d'Wahlen gaang, ze beweisen, dass net d'Vollék sech em d'CSV dréint, ma di Schwaarz, grad sou wéi di aner Parteiplanéiten, sech em d'Vollék dréinen, vum Vollék ofhängeg sinn. Och do rem eng Parallel zum Kopernikus.

Tescht der Euphorie iwwer de Wahlausgang an der Präsentatioun vum Zukunftspak ass des bahnbriechend Erkenntnes awer op halwer Streck leie bliwwen. Mat der Briechstaang gëtt lo probéiert, d'Vollék aus dem Zentrum erauszehiewelen. Do soll nämlech Gambia stoen. D'Vollék soll sech hirer Decken no strecken a paréieren, fir dass di 3 no hirer Legislaturperiod behaapte können, dass si d'Ländchen aus der Schold erausgefouert hunn a wa méiglech och nach mat engem Plus am Staatsbudget.

Di grouss Revolutioun am positive Sënn ass also ausbliwwen. Am Laf vun engem Joer si mer rem an den alen ptolemäeschen System zeréckgefall. Den Kopernikus wärt sech schon sechs Mol am Graf gedréint hunn, wann e matkritt sollt hun, wien sech alles mat sengem Numm wöll schmécken...

Viva la Regresiòn!

Danielle

P.S.: All Kommentar ass wëllkomm...

Donnerstag, 30. Oktober 2014

Haut da mol eppes net-politesches ;-)

Wie Loscht huet gudd ze laachen an net weess wat en dësen oder (/ an?) nächste Week-End soll maachen: kommt einfach op Eiter!



Ech freeë mech iech ze gesinn!

Lo heescht et nach d'Luuchteféiwer bis muer den Owend an de Grëff ze kréien ;-)

Bis dann,

Danielle


Mittwoch, 29. Oktober 2014

Marlboro macht Touris froh, besteuern wir doch Haribo!

Wéi ech gëschter Zeitung gelies hunn, sin ech bal aus alle Wolléke gefall. Well d'TVA gehéckt gëtt, missten d'Zigaretten lo och mi deier ginn. Eis Regierung geet awer hin a wöll un der Besteierung vum Tubak fréckelen, fir dass d'Hausse manner ausschlaggebend ass. Et gëtt gefaart, dass mat enger ze héiger Präisdeirecht den Tanktourismus drënner leid.

Mëttlerweil froën ech mech all Dag, ob mir bei de leschte Wahlen an iergendee Kanéngchebau gefall an am Wonnerland ukomm sinn. Et gëtt massiv (oder gouf op alle Fall bis elo) an Anti-Tubaks-Kampagnen investéiert, sech d'Käpp zerbrach wat fir eng schrecklech Biller een nach kéint op d'Zigarettepäck drécken, fir dass d'Leit sech dem net hirginn. An dann kritt grad déi Industrie e Kado vun der Regierung???

Wann ech mech net ieren, hun ech viru puer Deeg gelies, dass d'Mme Mutsch iwwert eng mi héich Besteierung fir ongesond Iesswueren nodenkt. Villäicht leiden ech mëttlerweil enner Regierungsparanoïa, mee gräifen se do net a Saachen an déi se näischt uginn? A wat fir ee Bild vermëttelt dat, wann se ufänken d'Leit fir ongesond Iessverhalen ze besteieren awer gläichzäiteg der Tubakslobby monter zouspillen, ganz nom Motto: Marlboro macht Touris froh, besteuern wir doch Haribo.

Ech weess, dass un der Tubaksindustrie vill Aarbechtsplazen hänken (ma och Ferrero huet e Sëtz mat vill Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg: http://www.ferrero.com/the-group/ferrero-worldwide/an-international-group/?text=1) a soulaang de Benzin nëmmen e puer Cent mi bëlleg ass wéi iwwert d'Grenz, kommen d'Tanktouristen nach emmer riwwer a kafen och Zigaretten, déi trotz Präiserhéijung och nach ëmmer méi bëlleg sinn wéi bei hinnen.

Naja, ee Verspriechen huet di nei Regierung bis elo jo mol agehal: den neie Wand ass do. Deckt iech gudd an mat Wantergezei, well et bléist nawell äiskal!

Danielle

Hei den Artikel: http://www.wort.lu/de/politik/anhebung-der-mehrwertsteuer-zigaretten-sollen-nicht-teurer-werden-544fbcabb9b398870808016b

An hei den Auszuch iwwer d'Besteierung vun zockerhaltege Liewesmëttel: "Ënnert den net chiffréierte Moossnamen ass ë.a. nach déi ze fannen, dass Liewensmëttel mat vill Zocker dra méi sollte besteiert ginn, grad wéi den Alkohol an d’Zigaretten, woubäi d’Lydia Mutsch éischter géint nei Taxen ass, mä villméi dofir, Suen an Aktiounspläng ze stiechen; en Ad-hoc-Grupp soll dorop schaffen." (http://www.rtl.lu/themen/zukunftspak/577418.html)

Dienstag, 28. Oktober 2014

Also schrieb Danielle ...

Nodeems e puer Leit gemengt hunn, ech sollt mol méi schreiwen an no engem Gespréich mat menger Schwëster, an dem si mech op d'Iddi bruecht huet e Blog ze maachen, hun ech mech da mol hannert de Computer geklemmt an einfach mol lassgeluecht.

Fir d'éischt mol Merci dem Dani an dem Rachel. D'Dani ass jo scho mi laang hannert mer. Et ass zwar nach emmer kee Buch, mee mol e klengen Ufank fir ze kucken ob ech Resonanz fannen. D'Rachel huet sech schon no puer Notizen an Kommentarer vu mir op FB als Fan geout. Also Merci nach eng Kéier mengem Minifanclub.

Ech weess net ob d'Fabienne sech och dozou zielt (iwwregens, hatt ass meng kleng Schwëster), op alle Fall huet hatt och gemengt ech misst onbedengt méi schreiwen. Also fänken ech da lo mol un...

D'Fro war awer iwwert wat ech soll schreiwen. Ech si kee grousse Modefan, Kachen kann ech och lo net aussergewéinlech gudd, Erzéihungstipps wëll ech och net onbedéngt ginn, vu Schminke schwätze mer scho guer net, a wat soss nach sou Trend ass an der Bloggingwelt, weess ech net, well ech mech och domat net wierklech befaassen. Mäi Blog ennersteet also lo mol nach kengem Trend. E soll vill méi einfach als Aart Gedankennotizblock fungéieren, an deem Leit, déi sech iwwer Ähnleches de Kapp zerbriechen, kënnen hire Pefferkär bäidroën. Mol kucken wat dobäi rauskënnt.

Maja, da wënschen ech eis all lo mol happy blogging ...

Danielle