"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Freitag, 31. Oktober 2014

Kopernikanesch Revolutiounsgedanken

An der Lescht ass zimlech vill Rieds iwwer d'kopernikanesch Revolutioun an der lëtzebuerger Politik. Bis elo hunn ech desen Terminus emmer mat engem positiven Emdenken a Verbindung bruecht: emmerhin huet dee richtegen Kopernikus am 16. Jorhonnert versicht ze beleeen, dass eise Sonnesystem sech net em d'Welt ma d'Erd sech em d'Sonn dréint, eng rieseg Erkenntnes fir di deemoleg Zäit. Versetze mer eis awer lo mol zeréck an di Zäit.

Deemols woren d'Leit iwwerzeegt, dass eis Erd den Nuebel vum Universum wier. Alles huet sech em d'Welt gedréint, well si jo d'Kréinung vun der göttlecher Schöpfung wor. Dat wor eng Virstellung, déi sech iwwer Jorhonnerten an de Käpp vun de Leit festgebrand hat. An lo koum do deen Här Kopernikus mat senger Theorie an huet d'ganz Weltbild op d'Kopp gehäit. Kënn dir iech dat virstellen? Jorhonnertenal Iwwerzeegungen an Kirchepropaganda einfach -puff- als falsch bewisen. Lo kéint ee jo mengen, dass dest zu groussen Onroue gefouert hätt. Ma wäit gefeelt. Dat Ganzt gouf vun deenen meeschten als Hirngespinst ofgedoën. Just e puer elitär Kreeser hunn des nei Hypothesen nervös gemaach an Wëssenschaftler hat d'Beweiswut gepak. Bon, ganz kuerz e puer Nimm: Kepler, Galileo, Newton.

Sou, mat där Geschicht am Hannerkapp hunn ech lo versicht, d'kopernikanesch Wenn an der neier Regierungspolitik ze fannen. An der Rei: Jorzéngte laang woren d'Lëtzebuerger iwwerzeegt, dass d'CSV an der Regierung festgewues wier. Wéi eng Eech hat si sech sou fest an de Krautmaart verwuerzelt, dass keen sech konnt virstellen, dass op eemol eng aner Partei kéint kommen an si einfach mat der Motorsee kéint emleeën. Sou wäit stëmmt dat also mat der kopernikanescher Revolutioun.

Di nei Regierungsparteien sinn och mam Gedanken an d'Wahlen gaang, ze beweisen, dass net d'Vollék sech em d'CSV dréint, ma di Schwaarz, grad sou wéi di aner Parteiplanéiten, sech em d'Vollék dréinen, vum Vollék ofhängeg sinn. Och do rem eng Parallel zum Kopernikus.

Tescht der Euphorie iwwer de Wahlausgang an der Präsentatioun vum Zukunftspak ass des bahnbriechend Erkenntnes awer op halwer Streck leie bliwwen. Mat der Briechstaang gëtt lo probéiert, d'Vollék aus dem Zentrum erauszehiewelen. Do soll nämlech Gambia stoen. D'Vollék soll sech hirer Decken no strecken a paréieren, fir dass di 3 no hirer Legislaturperiod behaapte können, dass si d'Ländchen aus der Schold erausgefouert hunn a wa méiglech och nach mat engem Plus am Staatsbudget.

Di grouss Revolutioun am positive Sënn ass also ausbliwwen. Am Laf vun engem Joer si mer rem an den alen ptolemäeschen System zeréckgefall. Den Kopernikus wärt sech schon sechs Mol am Graf gedréint hunn, wann e matkritt sollt hun, wien sech alles mat sengem Numm wöll schmécken...

Viva la Regresiòn!

Danielle

P.S.: All Kommentar ass wëllkomm...

2 Kommentare:

  1. Moien Danielle,
    Abee, besser kéint ech et net ausdrécken. No der Euphorie ass et eng batter Enttäuschung vun all deenen déi sech iwert eng Ännerung am Land gefreet hun. Ech sin op alle Fall super enttäuscht. "Emdenken", "Revolutioun" asw. gesait fir mech ganz aanescht aus.
    Tiptop, dai Blog. Ech bleiwen drun.
    Mat léiwe Gréiss,
    Claudine

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. Moien Claudine,
      Merci fir däi Feedback. D'Enttäuschung trëfft wahrscheinlech ganz vill Leit. Ma vläicht erwäche mer jo nach wéi d'Alice a stelle fest, dass alles nëmmen en Dram wor...
      MfG,
      Danielle

      Löschen