"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Dienstag, 11. November 2014

D'Häerzkinnegsregierung - E Märchen an e puer Méint (2)

2. Mount

Och den 2. Mount huet d'Vollék iwwer déi nei Häerzkinnegsregierung gejubelt. Ma di éischt Déieren hunn di éischt Euphorie schon hannert sech gelooss. Si wore ganz skeptesch wat d'Besetzung vun de Ministerposte ugaang ass. Dëst wor eng schwiereg Aufgab fir d'Häerzkinnegsforell, well op där enger Säit wollt si fir all Ressort dee kompetentesten bloë Fësch, respektiv déi passend rout Maus oder greng Laus asetzen, op där anerer Säit wollt si och, dass all déi Fësch, Mais a Lais belount genge ginn, déi an hirem Waldistrikt gewonnen haten. 

Sou ass et da komm, dass si sech fir verschidde Ressorten dofir décidéiert huet, de Walgewënn iwwer d'Kompetenz ze setzen. Fir aner Ressorten huet si awer guer kee fonnt an sou huet si och nach no Déieren gesicht, déi där neier Regierung géigeniwwer frëndlech gestëmmt waren an di néideg Fähegkeeten haten. Op déi Manéier ass eng Regierung zesumme komm, déi zu villen Diskussiounen gefouert huet. Virun allem d'Unhänger vum schwaarze Kueder hu sech widder de Kapp gestouss gefillt.

Fir deem entgéint ze steieren, huet d'Häerzkinnegsforell mat hirer Regierung mol direkt e puer Gesetzer gestëmmt, déi dem Vollék entgéintkommen sollten. Sou duerften beispillsweis ab elo all Déieren vum grousse Kiischtekuch iessen an och Kichelcher kafen war kengem méi verbueden. Dee schwaarze Kueder hat jo schon mat senger Regierung eng Äppeltaart gebak, fir dass all Déier d'Méiglechkeet hat, iwwerhaapt mol zesummen u Gebäck knabberen ze kënnen. Well nëmmen déi Déieren, déi zu zwee un engem Gebäck geknabbert hunn, goufen vum Staat als Koppel unerkannt a konnten vu verschidden Virdeeler profitéieren. 

Ennert dem schwaarze Kueder gouf et awer nach ennerschiddlech Virdeeler fir déi Déieren, déi vum Kiischtekuch iessen duerften an deenen, déi just un d'Äppeltaart goungen. Eng Viraussetzung fir vum Kiischtekuch schmaachen ze dierfen war, dass ee konnt Kichelcher baken. Wann een net deen néidegen Uewen hat, d'Rezept awer kannt huet an dat néidegt Geschier hat, duerft een och Kichelcher kafen. Déi aner Koppelen, déi einfach keen Talent fir d'Kichelcher Baken haten, duerften un der Äppeltaart knabbelen, duerften awer och keng Kichelcher kafen. Dësen Ënnerscheed gouf elo lo vun der Häerzkinnegsregierung geläscht. Och déi Koppelen, déi keng Kichelcher konnte baken, duerften der lo trotzdem kafen. Et gouf jo och därer, déi net vum Kiischtekuch giess hunn an awer Kichelcher gebak hunn, well si eben all Néideges dozou haten.

Di grouss Bäckerei am Wonnerland wollt hire beschte Bond emmer nach nëmmen wéinegen Koppelen virbehale. Dowéinst wollt d'Häerzkinnegsforell higoën an si vum Staat onofhängeg maachen. Di nei Regierung wollt nämlech net engem Handwierksbetriib Virdeeler araumen an anerer weiderhin als Stoussnéckel behandelen. Sou huet si och décidéiert, dass de Bakkuer an de Schoulen sollt ofgeschaf ginn an duerch en Iwwersiichtskuer iwwer all Handwierker ersat sollt ginn. 

Dëst huet awer schon zu éischten Onrouen am Wonnerland gefouert. Schliißlech wor de Bakkuer eng laang Traditioun a vill Déieren wollten, dass hir Kleng kéinten tëscht dem Bakkuer an dem Iwwersiichtskuer wielen. Si hu sech zesummen gedo an Ënnerschrëfte gesammelt. Wat si awer net woussten war, dass en Tatzenofdrock op engem Blat net méi gülteg war. Fir dass d'Begieren vum Vollék an der Chamber gehéiert konnt ginn, hunn d'Déieren missen en digitalen Tatzenofdrock am Intennet ofginn. Dëst woussten awer nemmen di wéinegst Déieren an och net all haten se iwwerhaapt en Zougang zum Intennet.

No desen éischten Décisiounen vun der Häerzkinnegsregierung hunn di éischt Déieren schon ugefaangen de Wanterschal unzedoen. Et huet een och schon di éischt mat Mutzen gesinn. Den neie Wand huet schon ugefaangen méi kill ze blosen an di éischt hu versicht, d'Witterung vum vergaangenen Kuedergeroch rem opzehuelen.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen