"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Donnerstag, 6. November 2014

Beruff? - Elter!

Nodeems ech d'Carte Blanche vum Robert Urbé iwwer d'Kannergeld gelies hunn (http://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche/580387.html) ass mer alt rem alles héich komm. Ech wöll awer lo net rem ufänken op di nei Politik ze klappen, ma e Virschlag maachen. 

Et ass keng nei Iddi, d'Diskussioun besteet wahrscheinlech scho sou laang, wéi Fraen doheem bleiwen amplaz schaffen ze goen a gouf och schon op e Schreiwes vu mir hin vun der Madame Cahen als utopesch ofgestempelt ... an awer léisst dee Gedanken mech net méi lass.

Firwat net Elter (dest ass en neutralen Begrëff deen all Eltrendeel bezeechend) als Beruff unerkennen? Wier dat net mol innovativ a virbildlech? Dat Natierlechst vun der Welt ënnerstëtzen, unerkennen an net et iergendwou an en däischteren Eck verbannen a verkomme loossen?

Dëse Schrëtt géif zum engen bei der Problematik vun der Aarbechtslosegkeet hëllefen. Iergendwéi ginn an där ganzer Diskussioun nämlech emmer déi Eltren vergiess, déi keng Aarbecht hunn, op der Sich sinn a keng fannen. Dacks sichen si eng Aarbecht, well et schwiereg gëtt mat enger Pai auszekommen oder well guer keng Pai erakënnt, net mol onbedéngt fir onofhängeg ze sinn. 

Op déi Manéier kéinten déi Eltren sech bewosst dofir entscheeden, doheem ze bleiwen. Et kéim eng Pai eran an si kéinten an d'Kranken- an an d'Pensiounskeess cotiséieren ouni de Partner ze belaaschten - sou vill zum Thema Onofhängegkeet förderen.

Op där anerer Säit, geng et wahrscheinlech de Staat méi bëlleg ginn, den Eltren, déi doheem bleiwen wöllen, well si selwer no hire Kanner wölle kucken, sou ënnert d'Ärm geng gräifen, wéi lo rem ze kucken fir all déi néideg Crèche-Plazen ze schafen, déi lo néideg ginn, wann all Eltrendeel soll schaffe gon. Dest schéngt mir net nemmen en utopeschen ma och en finanziell kaum drobaren Projet ze sinn. 

Natierlech soll déi Pai lo net sou ausfalen, dass d'Leit sech denken, dass et dach méi einfach ass Kanner an d'Welt ze setzen a sech vum Staat bezuelen ze loossen, wéi schaffen ze gon. Hei kéint een sech zum Beispill dem Här Gybérien seng Propose vun 1.000€ iwwerleeen, oder higoen an et als 50 oder 75% Tâche am Mindestloun bezuelen.

Vläicht ass et nemmen utopescht Iwwerleeën vun enger Mamm, déi sech einfach net mat deem Gedanken kann offannen, dass Kanner sollen an d'Crèchen kommen. Fir déi Leit, déi lo soen, de Choix bleift dach - jo, awer et gëtt nemmen ee Choix duerch Sachleeschtungen ennerstëtzt. Deen anere Choix fällt soumat fir vill Leit ënnert den Desch.

Ech erënneren drun, dass d'Regierung en Fonds fir zukünfteg Generatiounen ariichte wöll. Wann déi nei Familjepolitik sech sollt duerchsetzen, fäerten ech just e staarke Réckgang vun der Gebuerterat an da froen ech mech wien nach vun dem Fonds soll profitéieren.

Fir mat de Wieder vum Romain Gary ofzeschléissen:  

"Man kann nicht nur von Realitäten leben. Ab und zu braucht der Mensch einen Bissen Phantasie und einen Schluck Utopie."
Danielle 

P.S.: Är Meenung dozou geng mech nawell interesséieren. Merci!

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen