"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Dienstag, 2. Dezember 2014

Wéini ass eng Fra eng Fra?

Déi ideal Fra - e Modell deen an all Gesellschaft an all puer Joer ännert. 

Wat ass dann eng ideal Fra elo hei zu Lëtzebuerg? Wann ech mer di ganz Diskussiounen vun deene leschten Wochen ukucken, kristalliséiert sech bei mir folgend Bild eraus:

Di ideal lëtzebuerger Fra 
1. huet en Oofschloss an der Täsch
2. wöll hir Fräiheeten a vollen Zich genéissen a komplett onoofhängeg sinn
3. bestued sech fir e Kand ze kréien an no puer Joër léisst si sech rem scheeden (siehe 2. Punkt)
4. wöll Kanner kréien, well dat jo iergendwéi an hirer Natur läit, wöll awer och onbedengt Karrière maachen
5. wöll op kee Fall hirem Mann oder dem Staat op der Täsch leien
6. fir des 2 lescht Punkten erföllen ze können:
     a) kritt si réicht Kanner wann si eng Aarbescht huet, waméiglech mat héijen Opstiigschancen
     b) bleift si sou kuerz wi méiglech virun an no der Gebuert doheem
     c) höllt si zwar de Congé parental, awer nemmen fir een Dag an der Woch (wann de Patron dann    averstan ass)
     d) adoptéiert si beschtefalls e Kand amplaz eent ze kréien, well et jo scho genuch Kanner op der Welt ginn
7. gëtt hir Kanner onbedengt gär an d'Crèche, fir sech voller Freed an Éiergäiz hirer Aarbescht können ze widmen (siehe och heizou 2. Punkt).

Dir entspriecht desem Bild net?
Da sidd Dir aalmoudesch a verpöhnt alles firwat är Groussmammen a Mammen an den 70er gekämpft hunn. 

Setzt Dir Iech dofir an, dass d'Allocatiounen net sollen oofgeschaf ginn oder dass och déi Mammen finanziell sollen ennerstëtzt ginn, déi sech dofir décidéieren hir Aarbescht opzeginn fir bei hire Kanner ze bleiwen? Oder gidd Dir schaffen, well et aanescht net méiglech ass, an hudd all Kéier en Häerz dat bludd, wann der äert Kand an der Crèche ofgidd a wönscht Iech können méi Zäit fir et ze hunn? 
An dem Fall sidd Dir materialistesch Parasiten, déi jo souwisou nemmen Kanner kréien fir mam faulen A... können doheem setzen ze bleiwen.

Oder sidd Dir éiren op der Sich no enger Aarbescht, well Dir mengt, dass Kand an Aarbescht sech a gesondem Mooss och kombinéiere loossen, fannt awer keng, well kaum nach e Patron vu vir eran hallef oder dräivéirel Tâchen vergëtt?
Oder sidd Dir dach net éiren e Papp, deen op seng Aarbescht verzicht a bei de Kanner bleift?
Da sidd Dir e Fabelwesen, well sou eppes Gelungenes gött et hei am Grand-Duché net.

Äert aalmoudescht materialistescht parasitärt Fabelwesen.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen