"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"

"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!"
"Jede Art zu schreiben ist erlaubt, nur nicht die langweilige!" - Voltaire

Freitag, 5. Dezember 2014

Eltren: Zu gudder Lescht, dach di Schlecht

Virun zwee Deeg war d'Informatiounsversammlung mat der Mme Cahen an dem Här Meisch zu Munneref. Well ech mer endlech erhellend Äntwerten erwaard hunn an och gesi wollt, wéi den Interessi bei de Leit ass, sinn ech dann och dohi gaang. Een Ziil war och vläicht di eng oder aner Fro ze stellen oder Remarque ze maachen, awer dozou spéider méi.

An der Begréissungsried vum Buergermeeschter huet et geheescht, dass iwwer 400 Kanner zu Munneref an d'Primärschoul ginn. Dorop huet eng Madame ganz erschreckt gefrot, wou dann all di Eltren wieren. Taatsächlech: wann een all d'Memberen vun der Partei, de Schäfferot an d'Lehrpersonal wegrechent huet waren vläicht nach knapp eng hallef Dozend Eltren do. Eigentlech traureg. Vläicht schon en Zeechen vu Resignatioun?

U sech hat et sech ufänglech och gelount, dohin ze fueren. Virun allem d'Mme Cahen huet hei versicht d'Ziil vun hirer Familjepolitik duerzestellen. Hir ass et e grousst Uleies, dass d'Mentalitéit dohi geet, dass Patron'en d'Leit och mol méi 50, 75 oder 80% schaffe loossen, fir dass eben nierft der Aarbescht méi Zäit fir d'Kanner bleift an een och weiderhin zu zwee ka schaffe gon. Am Fong e gudden Usaz, well sou de Chômage kéint reduzéiert ginn an tatsächlech méi Zäit fir d'Kanner geng bleiwen.

Hei froen ech mech awer firwat net fir d'éischt mam Patronat geklärt ginn ass, ob dat dann och domat averstan ass, éier een higaang ass an d'Allocatiounen sträicht a vun uewen rof fir d'Eltren décidéiert, dass béid solle schaffe gon. Well, wéi d'Ministesch selwer gesot huet, sou e Mentalitéitswiessel könnt net vun haut op muer. Komescherweis d'Sträichungen quasi schon...

Do hält dann dat Positivt och schon op... Ech kann lo hei net op alles agoen, well de Post soss vill ze vill laang géng ginn, wat en souwisou wahrscheinlech schon ass... Bei Interessi oder Froen einfach uschreiwen. Hei lo just eng kleng Auswiel vun Themen déi ugeschnidde gi sinn.

D'Gläichsetzung vum Kannergeld a Sträichung vun den Allocatiounen
Hei koum rem dat beléiftent Argument, dass Lëtzebuerg bei Wäitem di héchst sozial Leeschtungen Europawäit hätt. Op d'Bemierkung aus dem Publikum, dass d'lëtzebuerger Politiker och bei Wäitem di bescht bezuelten wieren, koum beemol keng Äntwert méi.

Außerdem wéilt een onbedéngt d'finanziell Onoofhängegkeet vun de Fraen förderen, well 54% vun de Bestiednisser an d'Bröch genge gon. Vill Fraen gengen dann an d'Précaritéit ofrutschen. D'Mme Cahen hätt mat vill sou Fäll ze dinn a wéisst vu wat se schwätzt. D'Leit am Sall sollten endlech an der Realitéit ukommen.

Mee ass d'Realitéit net déi, dass d'Mme Cahen zwar als Familjen- an Integratiounsministesch vill sou Fäll kenneléiert, awer dass Famillen, deenen et einigermoossen gudd geet, kee Grond hunn, bei hir am Ministère virstelleg ze ginn? An de Prozentsaz vun desen ass jo awer bestëmmt méi héich wéi deen vun de Fäll, déi si begéint. 

Dir dierft mech lo net falsch verstoën. Natiirlech soll eppes fir déi Leit gemaach ginn, deenen et schlecht geet. Et däerf een awer och net higoen a soen, deenen engen geet et ganz schlecht an deenen aneren geet et jo souwisou dermoosse gudd, dass se keng Hëllef brauchen, also riichte mir eis ganz Politik no deenen, déi et brauchen. 

A well mir déi Kanner musse schützen, déi et schlecht doheem hunn, versiche mir einfach, all Kanner an d'Crèchen ze kréien, da ka keen dem Staat virgeheien, en hätt net no de Kanner gekuckt. Da kann een Problemer nach méi frei erkennen, wéi an der Schoul, wou et meeschtens schon ze spéit ass, an direkt a ganz fréier Kandheet handelen. Ma wann een dee Gedanken weiderféiert, leeft et drop eraus, dass d'Crèche iergendwann net nemme méi nach fräiwëlleg gezwongen, mee vu vir eran obligatoresch ass.

D'Bezuelen vun de Mammen/Pappen, déi sech bewosst dofir entscheeden, doheem no hire Kanner ze kucken
D'Äntwert op des Fro vum Här Meisch: Wann di zwee schaffe ginn, bezuelen se allen zwee Steieren. An dem Sënn dréit sech déi an Usproch gehollen Crècheplaz vum selwen. Een deen doheem bleift, kascht de Staat jo och Suen. Firwat deem dann nach Suen ginn? Außerdem gengen vun sou enger Mesure jo souwisou gréisstendeels just déi Leit profitéieren, déi net gudd no hire Kanner kucken.

Fir dest ze ennermaueren, koum d'Beispill vun enger eemoleger Prime vun 900€ déi eng Kéier ausbezuelt gouf. Zum selwechten Moment hätt en Elektrohändler Flachbildfernseher fir 900€ an d'Reklamm gesat an hätt sech dun iwwer e gudden Emsaz gefreed. 

Bilingual Crèchen
Et wier néideg, Kanner sou fréi wi méiglech mat Friemsproochen, anscheinend Lëtzebuergesch fir auslännesch Kanner a Franséisch fir lëtzebuergesch Kanner, a Kontakt ze brengen, fir spéider Sproocheproblemer an de Schoulen ze vermeiden. Op eemol war an dem Kontext och Rieds vun 1000 Awandererkanner déi am Joer am Fondamental, a 500 am Joer déi am Lycée quereinsteigen. Fir déi opzefänken, misst och eppes gemaach ginn. Den Zesummenhang mat de Crèchen ass mer hei schleierhaft. Vläicht einfach en Argumentatiounssprong?

Studiebäihëllefen
Op d'Fro, firwat d'Bäihëllefen rem genge gestaffelt ginn, amplaz all Student gläich ze behandelen, folgend Äntwert: Firwat soll e Lëtzebuerger, deen op Berlin studéiere geet, méi Hëllefe kréien, wéi e Berliner deen do studéiert, dee keng geng kréien. Nëmmen well hei zu Lëtzebuerg d'Loyer'en méi héich sinn? Wann een sech et dann eben net ka leeschten an England studéieren ze gon, da muss een eben op Tréier gon. De Staat ass net do fir Wönsch ze erföllen. Den Här Meisch wier och zu Tréier gewiescht an hie wier jo wäit komm.

Fazit
D'Kand steet am Mëttelpunkt vun der neier Politik. Kannerbetreiung doheem ass an Zukunft e Luxus, dee just nach Manager an Staatsbeamten sech kennen leeschten, well bei deenen doheem ginn et jo keng Problemer. D'Kanner aus Mëttelstand an aus precären Situatiounen sinn am Beschten an de Crèchen opgehuewen, well de Staat jo muss u Papa a Mama verdéngen fir net ze erhéngeren an natiirlech och muss dofir suergen, dass d'Mama onoofhängeg bleift. A schlussendlech musse jo Quoten erföllt ginn, déi ugeholl gi sinn ouni iwwer d'Konsequenzen nozedenken.

Vläicht verstidd Dir lo firwat ech deen Owend selwer näischt konnt soën. Ech hu gekacht, mäin Härz wollt aus der Broscht sprangen an all Wuert huet mir emmer méi d'Tréinen an d'An gedriwwen. Iergendwéi sinn ech mir an d'Schoulzäit zeréckgesat virkomm. Zwee behuelen sech derlaanscht an d'ganz Klass gëtt an d'Retenue gesat.

Mee d'Haaptsaach ass jo, dass eis Politiker sech henno können op d'Schöller klappen a soen, dass si "op den Terrain" gaang sinn fir mat de Leit ze diskutéieren, an dass eben dobäi näischt Konstruktives erauskomm wier.

E weideren trauregen Moment fir eis Demokratie.





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen